GËFF MEMBER VUN DEN MIGHTY MINETTER!


24 September 2020

Offiziellen Communiqué vun den @mightyminetter op hierer Instagramsäit :


Léif Minetter, léif Escher, an léif Fans vum Lëtzebuerger Basket,

D'Mighty Minetter ass en Fangrupp, deen sech am November 2019 aus motivéierten Fans op d'Been gestallt huet.

Als Supporter ënnerstëtzen mär den Basket Esch, andeems mär bei Heemmatcher wei souwuel och bei Auswärtsmatcher als 6. Mann present sinn.

Wann's och DU dech zu dësem Grupp ugezunn fills, bass natierlech och DU an och all deng Frënn déi sech mam Club identifizéieren kennen bei eis wëllkom, an solls hëllefen als 6. Mann um Terrain hannert eisem Häerzveräin ze stoen.

Zeck net dech bei engem vun eisen Memberen ze mellen oder schreif eis roueg eng Privatnoricht op Instagram!

ALLEZ ESCH!

Mighty Minetter



D'Mighty Minetter brauchen dech fir dei nei Saison 2020/2021!
Zeck net dech iwwer Instagram oder bei engem vun den Memberen ze mellen.

ALLEZ ESCH!